
Amicale Steesel News
DIEKIRCH LEAGUE
Samschdes 28/01 18h30:
Amicale Dames - Résidence Walfer
Samschden 28/01 20h30:
Amicale Hommes - Résidence Walfer
Eis Damen sinn zesummen mat hierer neier Spillerin den Milica Beljanski ungetrueden waat een ganz startken 1ten Mätch fir sain neien Club gespillt huet (27 Punkten, 7 Rebonds, 6 Assists, 3 Steals an 1 Block). Et war vun der 1ter Minute bis dei lescht Minute een Mätch wou dei 10 Spillerinnen um Terrain alles ginn hun an dest och mat all Mettelen dei heinsto net ganz fair waren an och net ganz ellegant. Wichteg awer dass bei Steesel all Spillerin dei zum Ansatz komm ass gekämpft huet an ennert dem Implus vun Meghan Gardler an Milica Beljanski den Mätch mat 73-62
gewonnen hun. Elo heescht et en Samsten geint Walfer eng nach mei staark Defense auspacken an d'Transitiounsspill mei schnell ze machen.
Eis Härren sinn dono um 20:30 ungetrueden. Direkt konnten dei mauwe-giel een klengen Ecart erausspillen mä Hieffnech, dei den Rebound kontrolleiert hun, sinn emmer erem bei komm. Dei Steeseler hun akzeptabel getraff an deelweis och gudd Defense gespillt mä durch eng onmass vun 2ten Schosschancen fir Hieffnech konnten dei Steeseler keen richtegen Ecart erauspillen. Schlussendlech gewannen sie awer mat 65-56
.
[21-01-2012]
Geschter owend ass d'Milica Bejanski, 1983 gebuer, 1,85m grouss an serbesch Nationalspillerin zu Steesel ukomm. Hat war Profi an Spuenien an Italien an verstärkt d'Amicale op der 3/4 Positioun. Des Verpflichtung ass eng eischt Weich an d'Zukunft vun enger kompetitiver Damenequipe. D'Milicia kann den Weekend geint Hieffnech schon mat untrieden. Welcome Milica!

[18-01-2012]
Eis Damen verleieren mat 56-81 geint d'Etzella Ettelbreck an bleiwen ouni Chance an desem Mätch. Trotzdem waren, och bei deser kloerer Niederlaag, eng Rei gudd Aktiounen vun eisen Meedecher dobei an sie weissen dass sie net opginn och geint Equipen dei hinnen um Pabeier hausheich iwerlehen sinn.
Eis Härren gewannen mat 77-62 geint eng schwach Etzella dei an der 1ter Hallschend gudd konnt mathaalen dei awer an der 2ter Hallschend agebrach sinn an et den Steeseler einfach gemach hun.
[14-01-2012]
Bravo fir déi 3 Equipen a bonne Chance an d'Halleffinale!

[11-01-2012]
En Samsten misst d'Meghan Gardler doheem geint Ettelbreck (18:39) erem mat vun der Partie sinn an eis Damen wärten alles drunsetzen hieren Heemmätch ze gewannen.. Och no enger ganz gudder Trainingswoch mat eisem neien US-Amerikaner Alex Jones war desen nach net à même seng Qualiteiten an deser Feuertaufe ze weisen. Vun der ganzer Equipe muss eng deitlesch Leeschtung, Konzentratiouns an Motivatiounssteigerung kommen am Heemmätch geint Ettelbreck fir net an der Tabelle no ennen durchgereecht ze ginn. Rendez-vous desen Samsten um 20.30 zu Steesel.
Eis Damen dei ouni hier US-Amerikanerin Meghan Gardler zu Diddeleng ungetrueden sinn, haaten natirlech een schweieren Stand vun Ufank un. Trotzdem hun sie hiert bescht probeiert an konnten och am 1ten Veierel gut mathaalen (23:17 fir Diddeleng). Besonneg D'Claude Weynandt (17 Punkten) an Tina Fehlen (17 Punkten) hun gewissen dass d'Equipe sech op sie verloosen kann. Diddeleng, ennert dem Implus vun hierer US-Amerikanerin Cerine Mosgrove (35 Punkten) hun natirlech lues an lues den Virsprong konnten ausbauen an gewannen schlussendlech mat 97-62
.
D'Härren sinn ouni den weiderhin verletzten Kapitän an Dirigent Christian Schartz zu Diddeleng ungetrueden. Den Alex Jones, eisen neien US-Amerikaner huet fir d'eischt sain mauw-gielen Trikot iwergezun. Et war also eng schwiereg Situatioun auswärts beim Champion unzetrieden. Genau sou ass et och lass gangen an Diddeleng huet direkt een 10-0 op den Parquet geluecht. Dei Steeseler konnten awer mat engem 11-1 äntweren ier dei Diddeleng erem een 12-1 hingeluecht hun deen dei Steeseler net mei sollten afänken. Beim Stand vun 38-35 sinn dei mauwe-giel nach eng Keier erunkomm mä eng onmass vun Turnover, Fehlwerf vun der Faute, onverwerten layups an een Manque vun Aggressiviteit an der Defense. Dest huet et Diddeleng ermeiglecht eng Onmass vun einfachen Schess ze kreien waat sech och an enger Trefferquote vun 60% ausdreckt. Schlussendlech setzt den T71 sech mat 86-57
durch
[07-01-2012]
Artikel vum Site vun München Basket:
Neuzugang Chris Scholtes
MB-Coach Matthias Zollner hat in seinem Statement schon auf den Neuzugang bei unseren ersten Herren hingewiesen : Chris Scholtes (kleines Foto links), Jahrgang 1985 und 197 cm groß, ist Luxemburger und spielte zuletzt in der dortigen 1. Liga Diekirch League für Amicale Steinsel. Chris ist beruflich nach München gekommen, trainiert seit zwei Wochen mit der Mannschaft und legte mit 16 Punkten gegen Rattelsdorf ein überzeugendes Debüt aufs Parkett. Herzlich willkommen Chris bei München Basket !

[29-12-2011]