D’Amicale stellt vir: Mariesa Greene

Gebuer zu Oklahoma den 10.7.1986.

Fir d’Lescht war d’Mariesa a Puerto Rico wou de Championnat no enger Naturkatastroph annuléiert gouf.
Gespillt huet hat virdrun an Däitschland, Slowenien, Schwäiz, Belsch a Frankräich.
Hat huet an deene verschiddene Länner Erwähnunge kritt ewéi: Defensive Player of the Year, Forward of the Year, Import Player of the Year.

D’Mariesa huet och als Coach fir Schoulequippe geschafft an ass qualifizéiert um amerikaneschen 3on3 Tournoi deel ze huelen, wou d’Gewënner em Weltmeeschterschaften 2018 spillen.

Mir heeschen d’Mariesa häerzlech Wëllkomm a kucken mat him erëm a Richtung Championnat a Coupe.

Coupe Loterie Nationale 1/4-Finales

Dëse Mëttwoch, den 20ten Dezember um 20.30 spillen eis Hären an der Véierelsfinall vun der Coupe Loterie Nationale am Centre Sportif Filano.

D’Equipe aus der Fiels ass bis elo an der Nationale 2 ongeschloen. Hei heescht et also mat voller Konzentratioun an de Match goen! Dofir kommt eis Spiller ënnerstëtzen.

Go Purple-Yellow!

Christmas Party mat eisen Teenies!

Eis traditionell Christmas Party mat eise jonken Nowuessspiller war e super Erfolleg! Méi ewéi 60 Basketballspiller hate gëschter Nomëtten Spill, Spaass a Fun.

Eis Jugendkommissioun hat fir jidder Spiller a coolen T-Shirt. Merci fir dee flotte Souvenir!

LaLux Ladies Cup

Eis Dammen spillen dëse Mëttwoch um 20.15 zu Steesel an der Véierelsfinall vun der LaLux Ladies Cup géint den T71 Diddeleng.
Kommt all e Mëttwoch op Steesel eis Ladies ënnerstëtzen! 

DESE WEEKEND BASKET PUR !

No der Paus bei den Hären, steet dese Weekend erem Basket am “Doppelpack” um Programm.
Eis Dammenéquipe kritt Besuch vum Noper Résidence Walfer an eis Hären spillen géint Musel-Pikes.

Sidd “live” dobäi a kommt eis Equipen ënnerstetzen.

18:30 Amicale – Résidence
20:30 Amicale – Musel-Pikes
Yellow-Purple go!

Microleague 1st round

Leschte Sonde war zu Steesel an der Haal Alain Marchetti déi éischt Ronn vun eiser Microleague. Op Besuch waren de BBC Etzella Ettelbruck an de BBC Gréngewald Hueschtert. Déi jonk Nowuesspiller haate vill Spass a konnten éischt Erfahrungen am Basket sammelen.
 
Bravo an op déi naichst Ronn vun eiser Microleague! 

GAMEDAY

Fir den 2. Spilldag as alles prett zu Steesel. De fonkelneien Buedem an der Haal Alain Marchetti as agekleed. Ee grousse Merci nach eng Kéier un den Buergermeeschter Jempi Klein an d’Gemeng Steesel. 
 
De Mëtteg si schon Jugendéquipen am Asatz ir den Owend um 18:30 eis Damen an um 20:30 eis Hären den Basket Esch op Besuch hun. 
 
Sidd live dobäi!

PRESEASON GAME vs ZZ Leiden

No der super Leeschtung geint Gladiators Trier spillen ons Hären e Freideg 15. September e Frëndschaftsmatch geint déi hollänesch Équipe ZZ Leiden Basketball um 19:00 an der Hall Alain Marchetti.

Amicale Steesel Men 2017-2018


 

ZZ Leiden Basketball Men 2017-2018