E Samschdeg am fréien Owend konnten eis Ladies den Titel vun der Coupe souverän géint de Gréngewald verdeedegen. No enger ufanks spannender a géint der Enn hinn dach eesäiteger Partie konnt sech d’Ekipp vum René Keiser an der LaLux Ladies Coupe-Finall mat 83:57 géint de Gréngewald behaapten. An der Hallschecht stoung et 46:31 fir eis Formatioun – ee Score, deen am weidere Verlaf vun der Partie d’Victoire vun de Mof-Giele sollt ënnersträichen.

Hei sinn d’Fotoen vum Mätch:

https://www.amicale.lu/coupelalux-ladies-cup-finale-2019-amicale-vs-grengewald-83-57/