Bei den Damme geet d’Coupe erem op Steesel !

E Samschdeg am fréien Owend konnten eis Ladies den Titel vun der Coupe souverän géint de Gréngewald verdeedegen. No enger ufanks spannender a géint der Enn hinn dach eesäiteger Partie konnt sech d’Ekipp vum René Keiser an der LaLux Ladies Coupe-Finall mat 83:57 géint de Gréngewald behaapten. An der Hallschecht stoung et 46:31 fir eis Formatioun – ee Score, deen am weidere Verlaf vun der Partie d’Victoire vun de Mof-Giele sollt ënnersträichen.

Hei sinn d’Fotoen vum Mätch:

http://www.amicale.lu/coupelalux-ladies-cup-finale-2019-amicale-vs-grengewald-83-57/

Prévente Tickets pour les Supporters de l’Amicale Steesel

Samedi 16 mars 2019 – Arena / Coque

17h30 Finale LaLux Ladies Cup:
Amicale Steesel – Gréngewald Hueschtert

20h15 Finale Loterie Nationale Coupe de Luxembourg:
Amicale Steesel – Etzella Ettelbréck

Prévente à la salle Alain Marchetti à Steinsel:
Le 5/3 de 18:30 – 20:30
Le 6/3 de 19:30 – 21:00

Place assise à 20 €
Blocs F – G – H – P1 – P3 pas de réduction enfants

Place assise à 17 €
Blocs P2 – P4 pas de réduction enfants

Max. 4 tickets par personne

Ladies Finals Game 2

Eis Damme vun der Amicale Steesel hu sech e Sonndeg an der 1. Finall vum nationale Basket-Championnat mat 80 op 70 géint den T71 Diddeleng duerchgesat.
 
Déi zweet Finall ass dëse Samschten um 19.00 zu Diddeleng am Centre Hartmann , wou eis Ladies dann d’Chance hun, fir den Doublé perfekt ze maachen.
 
Alles op Diddeleng. Kommt eis Ekipp ufeieren. Let’s go Ladies!

Ladies Final Game 1

Eis Ladies haate sech an der 1. Halleffinall vum Dammebasket-Championnat däitlech mat 75:61 géint Conter duerchgesat. Leschte Freideg den Owend huet den Titelverdeedeger zu Conter och näischt ubrenne gelooss an huet sech duerch eng souverän 85:67-Victoire den Ticket fir d’Finall gesechert.

Dese Sonden as et esou wäit. Déi éischt Finall am Dammebasket as um 18h30 zu Steesel.

De Géigner vun eisem Yellow-Purple Team gett an enger drëtter an decisiver Halleffinall zweschend Musel Pikes an T71 en Donneschten den Owend ausgemach.

Alles op Steesel. Let’s go Ladies!

We are the champions…

Geschter stoung déi 3. Finall bei eisen Hären um Programm.

Nodeems d’Amicale, a ganz enke Matcher, déi éischt zwou Finallen fir sech entscheede konnt, war d’Etzella geschter gefuerdert de Match ze gewannen an d’Finall nees spannend ze maachen.

Schlussendlech gewënnt eis Ekipp em de Kapitän Samy Picard an engem ganz spannende Match och déi 3. Finall mat 85:82 géint Etzella Ettelbréck a gëtt fir déi 3. Kéier hannerteneen Champion a gewënnt fir déi zweet Kéier hannerteneen den Doublé mam Gewënn vun der Coupe an dem Championstitel.

Bravo un d’ganz Ekipp an hire Coachingstaff. En decke Merci un all eis Supporter, Kaméidi’s Schléier a Frënn vun der Amicale Steesel fir hir Ennerstëtzung.

ONE SPIRIT ONE TEAM ONE WIN

Finals Game 2

Haut den Owend steet déi zweet Finall bei den Hären um Programm. Tip Off as um 20.30.

D’Hall Alain Marchetti licht an de Faarwen “yellow-purple“!

Dofir kommt all den Owend op Steesel am “purple” Polo vum Supporter Club oder am “purple T’shirt vun der Coupe Finall eis Equipp ufeieren.

ONE SPIRIT ONE TEAM ONE WIN

E Wuert vum Prési

Leif Steeseler Basketfrënn,

No enger laanger Basketssaison freeën mer ons elo op d’Finallen bei onsen Dammen an och onsen Hären. Mee och zwou vun onsen Jugendequippen hunn sech fir Finall qualifizéiert an déi ginn dëse Sonden an der Coque gespillt fir ons Mini Bouwen em 14h15 an ons Filles Scolaires em 16h00. Des Datumer stoungen fest am September 2017.

Als Éischten an der Tabell vum reguläre Championnat bei den Hären, huet d’Etzella jo de Privileeg fir den éischte Match Samschdes oder Sonndes ze spillen a si kennen och d’Auerzäit festleeën.

Leider huet d’Etzella lo dëse Match op e Sonden 17h15 festgeluecht an daat ass leider Iwwerlappung mat der Filles Scolaires Finall.

Ech hunn d’Etzella gefrot fir des éischt Final em 45 Minuten no hannen ze réckelen, mee… se hunn dëst refuséiert.

Wou ech meng Problemer hunn ass daat des Ettelbrecker Decisioun op Këschte vun onser Equipp Filles Scolaires geet déi sech berechtegterweis op hier wuelverdéngte Finall freeën!!!

Ech denken mir sollten ons Jugend an dësem spezielle Fall ënnerstëtzen.

Ons Hären mussen éischtens och ouni massiv Steeseler Kulisse kennen een oder zwee Véierel spillen an… si hu mindestens dräi Optrëtter, wougéint ons Jonk just een eenzegen Highlight hunn.

No Diskussioun an onsem Comité hu mir elo folgendes ze proposéieren fir all déi Supporter déi onser Jugend nostinn.

Mir als Steeseler sinn immens frou a stolz op ons Jugend déi an der Coque optrieden.

Mir wären deemno frou wa mir eng Solidaritéit mat hinne weisen an de Veräin organiséiert e Busservice deen e Sonden vu Steesel bei der Haal Alain Marchetti em 13h30 an Coque fiert, fir do déi zwou Finallen vun der Jugend kennen ze kucken (gratis Entrée).

Direkt no dem Filles Scolaires Match fiert de Bus op Ettelbrëck, wou mir missten géint 18.00 ukommen an daat ass normalerweis kuerz virun der Halbzeit vum Härematch. Etzella huet proposéiert d’Arbitteren en Delai vun 15min ze froen, sou dat eventuell den Härematch eréischt em 17h30 ugepaff gëtt.

De Bus bréngt ons Supporter duerno zeréck op Steesel.

Natierlech ass et jidderengem selwer iwwerlooss ze mann wat en fir sech selwer am Beschte fënnt.

Mat sportlechen Gréiss,

Frank Fischer

President Amicale Steesel

Cup Final – Prévente tickets

De 17. März 2018 gin Coupe Finalen an der Coque/Arena gespillt wou eis Dammen an Haeren vertrueden sin.

Matcher si Samsdes den 17. März

17.30 AMICALE – ETZELLA
20.15 AMICALE – ETZELLA

Prévente fir d’Supporter vun der Amicale Steesel as um Salon du Vin an der Haal Norbert Melcher zu Steesel:

Samsdes, den 10.3. vun 16.00 – 18.00
Sonndes, den 11.3. vun 15.00 – 17.00

17 € den Ticket Tribune (vis-à-vis vun der Spillerbänk)
14 € den Ticket hannert dem Kuerf
De Praeis fir d’Kanner ass d’selwecht!
Max. 4 tickets pro Persoun