Back to court

 
D’Amicale Steesel ass frou Iech matzedéelen, dass mir ab dem 9‘ten November lues a lues eis Jugendtraining erëm starten. Trainéiert gett a klenge Gruppen no de Mesuren vum Ministère, vun der FLBB, a vun der Gemeng Steesel.
 
Let’s go Yellow-Purple Family!!
 
Stay safe and healthy!

Preparatiouns Matcher a Coupe Matcher bei eiser Jugend

Bei der Amicale gett sech op déi nei Saison preparéiert. Eis Häre spillen de Weekend 19./20. September geint Saarlouis an eis Ladies spillen direkt zwee mol géint Towers vu Speyer.

Eis Scolaires an eis Minis fänken d’Saison mat engem Coupe Match un ir och fir si de Weekend duerno d’Saison ugeet.

Kommt si all ënnerstëtzen.
Let’s go Yellow-Purple!!

D’Cadets Spiller vun der Amicale Steesel si Champion an hirer Kategorie a wannen d’Coupe des Cadets.

Am Championnat konnt d’Ekipp vum Alexis Kreps sech géint Sparta am zweeten decisive Match mat 85 : 64 behaapten.
An der Coupe Finall hunn eis Cadets géint den T71 Diddeleng gespillt. Déi Diddelenger hunn de Jongen et net einfach gemaacht a si mat 3 Punkte Virsprong an d’Paus gaange. No der Paus ass eis Ekipp ëmmer besser an de Match komm a konnt sech zum Schluss 71-84 duerchsetzen.
Mam Champion an der Coupe an der Täsch schléissen si d‘Saison oof. Super Jungs vir déi mega Leeschtung!