Dëse Mëttwoch, den 20ten Dezember um 20.30 spillen eis Hären an der Véierelsfinall vun der Coupe Loterie Nationale am Centre Sportif Filano.

D’Equipe aus der Fiels ass bis elo an der Nationale 2 ongeschloen. Hei heescht et also mat voller Konzentratioun an de Match goen! Dofir kommt eis Spiller ënnerstëtzen.

Go Purple-Yellow!

Direkt nom Match ginn déi zwou Halleffinalen an der Hall ausgeloust.