Gebuer zu Oklahoma den 10.7.1986.

Fir d’Lescht war d’Mariesa a Puerto Rico wou de Championnat no enger Naturkatastroph annuléiert gouf.
Gespillt huet hat virdrun an Däitschland, Slowenien, Schwäiz, Belsch a Frankräich.
Hat huet an deene verschiddene Länner Erwähnunge kritt ewéi: Defensive Player of the Year, Forward of the Year, Import Player of the Year.

D’Mariesa huet och als Coach fir Schoulequippe geschafft an ass qualifizéiert um amerikaneschen 3on3 Tournoi deel ze huelen, wou d’Gewënner em Weltmeeschterschaften 2018 spillen.

Mir heeschen d’Mariesa häerzlech Wëllkomm a kucken mat him erëm a Richtung Championnat a Coupe.