
Amicale Steesel News
Find all purple-yellow news on our facebook page
Den Bob Melcher ass sélectioneiert fir mat der U18 d'Championat d'Europe ze spillen.
Dir fannt den Program ennert desem Link.
u18men.fibaeurope.com/enDivB/default.asp
Bonne Chance Bob, an denger Equipe
[06-08-2012]
Hei een Artikel vun der Europameeschterschaft vun der U16 aus dem Tageblatt, wou 6 Steesel Spiller mat dobäi waren.
--> Artikel <--
[26-07-2012]
Traditionell fanne vu Mëtt Juli bis Mëtt August d'Europameeschterschaften an de Kategorien U16, U18 an U20 statt.
D'FLBB hellt dëst Joer mat 4 Equipen dorun deel: U16 Meedercher an U16, U18 an U20 Jongen.
Eng Rei Amicalisten hunn de Sprong an déi verschidden Nationalkader gepackt.
D'U20 Jongen an d'U16 Meedercher sinn am Moment schonn zu Sofia respektiv Talinn am Asaz.
Mat dobäi, an der Equipe vum Trainer Jérôme Alff (Amicale Härentrainer vum leschte Joer), ass de Luc Breuskin.
An der U16-Meederchersequipe, wou d'Dragana Zoric als Assistant-Coach figuréiert, steet mam Claire Nilles eng Spillerin vun der Amicale.
Vum 19. Juli un spillen d'U16 Jongen zu Bukarest. Hei sinn net manner wéi 6 Steeseler dobäi: Daniel Colbach, Billi Fischer, Tom Kapgen, Maxi Lamesch, Max Sinner a Jonas Theisen.
Als leschte Steeseler wäert de Bobi Melcher vum 9. August un, mat den U18 zu Sarajevo, am Asaz sinn.
Mir wënschen all eise Spiller, an hiren Equipë, vill Erfolleg an eng flott sportlech a mënschlech Erfahrung.
[16-07-2012]
D'Amicale Steesel ass frou iech kennen matzedeelen dass 2 nei Profien bei den Damen an 2 nei Profien bei den Härren an den leschten Deeg verpflicht ginn sinn.
Bei den Damen verstärken mir eis mam Petra Manakova (CZ) waat vun Saarlouis op Steesel wieselt. D'Petra ass 1,90m grouss!! an 30 Joer aal an brengt vill Erfahrung mat. Welcome Petra.

Verstärkt get d'Equipe dobei vum Deja Mattox (USA) waat vun der Indiana State University kennt. D'Deja ass 1,82m grouss an débuteiert seng Profi-Carrière hei zu Steesel. D'Deja war een vun den Leader an senger Equipe an soll des Roll och kennen zu Steesel iwerhuelen. Welcome Deja!

Bei den Härren ginn 2 US Amerikaner verpflicht. Den Aaron Fleetwood ass 2,06 an 1984 gebuer an kennt vun den BSW Sixers aus der 2ter Däitscher Bundesliga. Den Aaron ass fir seng Greisst trotzdem een extrem gudden Atlet an een schnelle Spiller. Welcome Aaron!

Den 2ten Amerikaner deen d'nächst Joer fir dei mauw-giel wärt oplaafen ass den Lee Fisher. Den Lee ass 1,95m grouss, 1989 gebuer, an kennt direkt vum College (Chicago State - NCAA1). Den Lee ass och een extrem gudden Atleet an Defenseur. Och hien débuteiert seng Profi-Carrière zu Steesel an och him wenschen mir vill Succès an Gleck fir sain Start zu Steesel. Welcome Lee!

[04-07-2012]
Mir freeën eis dass mam Claude Konrath an Jean-Jacques Mischo zwee nei Comitésmemberen dobäi komm sinn.Een groussen Merci un eisen fréieren President den Georges Meintz fir seng gutt Aarbecht, nei Ideeën an Konzepter. Och een groussen Merci nach un den Dan Gonnering an den Jean-Marc Steffes wou aus dem Comité ginn.
[02-07-2012]