Main Navigation

Left Navigation

Amicale Steesel News

 
Next Games

14/09 Season Opening

FINALS 2013 TEAM PRESENTATION

-->Link<--

 

 
Events

Find all purple-yellow news on our facebook page


 
Scolaires wannen d'Coupe de l'Avenir géint d'Sparta

Eis Scolaires hunn an der Coque mat 92-62 géint d'Sparta gewonnen, an brengen des Saison déi zweet Coupe no den Dammen mat op Steesel.


[28-04-2012]

 
Coupe des dames: Artikelen an der Presse
 
Dammen gewannen d'Lalux Ladies Cup géint d'Musel-Pikes

Ons Meedercher hunn et no enger super Leeschtung fäerdeg bruet sech an der Coque géint Musel-Pikes kloer mat 69-51 duerch ze setzen.
Mat enger onwahrscheinlecher positiver Motivatioun hunn se näischt ubrennen gelooss, an den Match vun der éischter Minutt aus un an d'Hand geholl, an dat konsequent mat engem mega Wellen duerchgezunn.
Bravo Meedercher, an een groussen Merci och un hier Coachen, an och un all Steeseler Supporter.
Deen Titel wäert dem ganzem Steeseler Basket gutt doen!! Hei d'Statistiken vum Match:
Statistiques

Eis Dammen schreiwen Geschicht an gewannen d'Coupe des Dames 2012 déi fir d'lescht 1974 op Steesel gaang ass. Et ass den éischten Titel fir déi Steeseler säit 1981 (Champion bei den Hären). Wahnsinn Ladies! Wat war dat een Match! Mat engem äiskalen 10-2 sinn déi Steeseler Dammen gestart an hunn dësen Virsprong iwwer 40 Minutten knallhaart verteidegt. Den éischten Véierel ass sou mat 22-11 un d'Equipe vum Nadine Mangen gaangen. Am 2ten Véierel hunn eis Dammen den Virsprong op 17 Punkten ausbauen (32-15). D'Hal stoung op der Kopp! Déi Steeseler Supporter, mat 3 Bussen ugereest hunn gewisen dass si richteg Stëmmung maachen kennen! Ënnert dem Impuls vun den Kameidi's Schleier déi mat 10 Trommelen an 6 Bleiser ugetrueden sinn hunn si déi ca. 400 Steeseler Supporter matgerappt emol endlech richtegen Support ze weisen! Dat war Steesel!!!! Super Ambiance, leidenschaftlech Ënnerstëtzung fir d'Equipe!!! Zeréck zum Match: D'Pikes konnten virun der Paus nach eng Kéier bis op 5 Punkten erukommen. Sou "knapp" war et fir d'lescht beim Stand vun 5-0 fir déi Steeseler. Et ass also beim Stand vun 36-31 an d'Paus gaangen. Den Serge Logelin huet awer déi richteg Wieder fonnt an der Paus an eis Meedercher hunn nahtlos do weidergemaach wou sie virun der Paus opgehal hunn an mat engem 11-2 hunn si sech innerhalb vun 3 Minutten erëm een confortabelen 14 Punkten Virsprong eraus gespillt (47-33). Virun allem an der Defense hunn eis Meedercher een Niveau gewisen wou sou munch Härenequipe sech wahrscheinlech och nach d'Zänn ausgebass hätt. Leidenschaftlech, voll konzentréiert, intelligent an als Equipe hunn si een Rebond oder Interceptioun nom aneren geholl. 53-41 stoung et no 30 Minutten. Dei lescht 10 Minutten waren déi bescht wat Steesel an den leschten 30 Joer gesinn huet! Och an der Attacke hunn eis Ladies selten Fehler gemaach, roueg an ofgeklärt hunn si ëmmer den freien Mann fonnt an getraff! Esou lues huet jiddereen drun gegleeft, d'Coupe geet op Steesel. Wahnsinn! 58-41 an nach 5 Minutten ze spillen! Nach eng Minutt ze spillen an d'Claude Weynandt versenkt een 3er an baut den Virsprong op 20 Punkten aus!!! 69-49! Déi Mauwe-giel regéieren an der Coque an loossen den Pikes vun der 1ter Sekonn keng Chance! Wahnsinn! Top Leeschtung vun eisen Ladies! D'Stëmmung kacht, Steeesssellll haalt et aus allen Ecker vun dem Gymnase! Déi Steeseler Dammen gewannen Coupe des Dames mat 69-51 !!!!!!!!! Gänsehaut pur!!!!


[22-04-2012]

 
Reservatioun fir den Bus fir d'Finall vun den Dammen den Samschden 21.04

Dreckt op desen Link fir Iech unzemellen wann dir wellt en Samschden den 21.04 d'Finall vun den Dammen mam Bus an d'Coque kucken fueren.
Den Bus fiert um 18h45 zu Steesel bei der Hal Alain Marchetti fort, an den Retour ass eng Hallef Stonn noom Match.


[15-04-2012]

 
Reservatioun fir Tickeen vun der Dammenfinall an der Coque den 21. Abrëll géint d'Musel-Pikes

Hei kennt dir Tickeen reservéieren vun der Dammenfinall an der Coque den 21. Abrëll géint d'Musel-Pikes

 Tickeen ginn den Meinden, 16ten Abrell ab 19 Auer an der Haal verkaaf. D'Leit dei reserveiert hun ginn fir d'eischt serveiert, trotzdem premier arrivé, premier servi. Dir kennt är Platz um Plang auswielen.


[31-03-2012]

 
Coach Basic net mei Trainer vun der 1ter Equipe

No der ganz enttäuschender Defaite en Samschden géint d'Résidence Walfer (91-73 Statistiques) ass d'Qualifikatiounen fir den Final Four 2012 ganz stark an Gefor. D'Equipe huet en Samschden iwwert bal de ganzen Match un Kampfwellen an un Confiance gefehlt. Dem Comité ass deemno näischt aneschters iwwreg bliwwen wei duerch d'Fräistellen vum Coach Basic als Trainer een neien Wand mam Jérôme Alff an d'Equipe eranzebrengen. Een Wand deen schonn hoffentlech en Samschden géint Diddeleng fir eng nei Marschrichtung wärt suergen. Den Comité hofft dass eis Supporter hier Equipe nach net opginn hunn, nach ass alles dran, an hofft dass dir eis Equipe weiderhin, och an deser schweierer Zeit, wei emmer ënnerstëtzt. Mir ginn dovun aus dass mir als Amicalisten keng "Erfolgsfans" sinn mä eisen Club an gudden, sou wei och an schwéieren Zäiten ennersetzen, genau sou wei all Comité Member, wat och nemmen Bénévol Leit. Nëmmen zesummen sinn mir EEN Club!! Let's go Amicale!!!!

Eis Damen gewannen en Samschden haushéich géint den Telstar un Hesper mat 87 - 42 Live Stats. En Samschden trieden sinn um 18:30 um Racing un.


[25-03-2012]


Sidebar

Footer

Home