
Amicale Steesel News
D'Amicale Steesel ass frou säin 1ten Transfert fir d'Saison 2010/2011 kennen ze annonceieren. Den Eric Jeitz verleisst den AB Contern an Richtung Steesel. Domat ass den Wonschkandidat vum Trainer, Equipe an och vum Comité zu Steesel ukomm an verstärkt den aktuellen Kader fir dei kommend Saison. Den Comité vun der Amicale Steesel, den Supporterclub, Kamedi's Schleier an Sponsoren heeschen den Eric heimat offiziel wellkomm bei den Amicalisten! Mir frehen es ob emol 2 gudd an erfollegreich Saisonen an wenschen den Eric vill Gleck an Freet an senger neier Equipe! Wellkomm Eric!
[24-05-2010]
D'Amicale Steesel verleiert den re-match geint den T71 mat 78-55
an steht domat um Enn vun der Saison. Steesel huet dei 1t Hallschend gudd konnten mathaalen an deelweis hiert d'Spill gudd an kollektiv durchzeihen. Durch een puer onglecklech Arbiterentscheedungen hannert en een hun dei Steeseler an deser nervöser Phase den Zepter aus der Hand ginn an d'Dideleng huet sech mat engem impressionanten Run firun der Paus zereckbruecht. den 3ten Veierel hun dei Steesler durch eng Rei Bällverloscht an onglecklech Werf den Ecart net konnten mei kleng kreien. Den 4ten Veierel krutt d'Equipe sech net mei gerappt an verleiert den Mätch schlussendlech ze heich mä net onverdengt! D'Saison ass domat eriwer. Alt erem hun mir et gepackt (no 2007 an 2008) erem an der Hallef-Finale ze stoen. Merci un den Tommy, Raul, Roby, Oli, Christopher, Lotti, Michael, Mikael, Chris, Sam, Matthieu, Travis, Alex, Luc, Ben an Steve! Mir haaten alleguer vill Freed un der Saison an d'Virfreed ass elo schon grouss!! Och een groussen Merci un den Kreso Basic an den Dan Becker!
Merci och un alleguer d'Supporter dei all Weekend trei hier farwen ennerstetzen. Merci alleguer den Feiwelegen dei Weekend fir Weekend hellefen! Ouni iech alleguer wär daat hei alles net meiglech!
[21-05-2010]
Gewennernummeren sin : 188, 024 an den 101
[21-05-2010]
Den Match géint den T71 gëtt den Samschden 22. Mee um 18 Auer nei gespillt.
En eventuellen 3. Match gëtt dann den Méinden 24. Mee um 18 Auer gespillt.
Hei ass den Jugement vum Tribunal
[20-05-2010]
Steesel verleiert den 2ten Mätch vun der Hallef-Finale vum Final Four.
En Denschten den Owend entscheed den tribunal vun der FLBB iwert den Protest vun der Amicale betreffend 24' shot-clock. Mir haalen iech alleguer um laafenden.
Tom Rausch: Interview
[17-05-2010]
En Donneschten verleiert d'Amicale virun ca 1.000 Zuschauer mat 61 op 71 geint den T71 Dideleng. Dei Steeseler hun bis zum Schluss gekämpft an konnten leider net hier Topform desen Daag fannen an ofruffen. Eng Rei Bällverloscht hun et net erlabt an der 2ter Hallschend d'Lach vun 5 Punkten erem zouzemachen. Elo geet et et Sonndeg op Dideleng wou d'Saison nei unfänkt! Den Comité, Supporterclub, d'Jugendcomissioun, allerguereis Spiller, eis Kameidi's Schleier, ganz Steeseler Gemeng an alleguer d'Amicalisten drecken dem Tomy, Raul, Robert, Oli, Christopher, Chris, Michael, Cris, Sam, Mathieu, Mikael, Travism, Kreso an Dan d'Daumen fir den Mätch desen Sonndeg zu Dideleng. Mir stinn alleguer hannert iech an glewen drun! Defend till the End! Let's go Amicale!
[16-05-2010]