Main Navigation

Left Navigation

Amicale Steesel News

 
Next Games



 
Final Four! Defend till the end!

Hei nach een klengen Opruff un alleguer d'Supporter vun der Amicale Steesel. Et bleiwen nach rechtlech Finals 2010 T-shirten ze verkaafen, dei ginn et en Donneschten ab 17 Auer an der Haal. Kommt mat Zeit fir iech ären T-Shirt nach ze secheren! Mir brauchen en Donneschten eng mauw-giel Haal an brengt alles mat waat mauw-giel ass! Alleguer zesummen kennen mir een grousst Fest feieren! Defend till the end!


[11-05-2010]

 
Steesel verleiert knapp no Verlängerung geint den T71

Den leschten Mätch vum Titelgrupp verleieren dei Steeseler mat 94:86 Statistiques no Verlängerung geint den T71 Dideleng. Domat steet et 4-0 fir Dideleng geint Steesel dei des Saison eben nach net geint d'Equipe aus der Forge du Sud gewannen konnten. Daat soll sech awer elo änneren an zwar en Donneschten den 13ten Mai wou dei Didelenger fir den 1ten Mätch vun der Hallef-Finale zu Steesel mussen untrieben! Kommt alleguer an ennerstetzt är Equipe! Defend till the End! Let's go Steesel!


[07-05-2010]

 
Defend till the End ! Steesel gewennt mat 86 - 64 geint Ettelbreck!

 

Den 1ten Mai get normalerweis net geschafft! Falsch, dei Steeseler hun op dem 1ten Mai hier Form gewissen dei et elo heescht iwert dei nächst puer Wochen ze haalen. DEFEND TILL THE END! Mat 86 op 64 gewannen dei Steeseler, dei eng perfekt Teamarbescht demonstreiert hun iwer 40 Minuten. Erauszehiewen kann een nemmen daat gudd kollektivt Spill, net nemmen an der Attack mä och an der Defense. 

Elo geet et kommenden Samsten op Dideleng (8ten Mai) wou entscheed get ween Heemvirdeel kritt. Gewannen dei mauw-giel, ass den 1ten Mätch vum Final Four zu Dideleng, verleieren dei Mauw-Giel, ass en 1ten Mätch zu Steesel.

Statistik: Statistiques

Livecast Statistik: LiveStats


[02-05-2010]

 
Finals 2010 T-Shirts ab en Samsten um Mätch geint Ettelbreck an der Vente

En Samsten um Mätch geint d'Etzella Ettelbreck geet den Verkaaf vun den Finals T-Shirts lass! Ab 19.00 kennt dir ären T-Shirt an der Haal kaafen. Et get een Fraen an een Männerschnett an allkeiers 2 Kanner an 2 Erwuesenengreissten. D'Preisgestalltung vun den T-shirten ass dei folgend:

1 T-Shirt: 10 Euro

2 T-Shirts: 18 Euro

3 T-Shirts: 25 Euro

4 T-Shirts:  30 Euro

Ausserdem kritt jidereen bei all T-Shirt een Puer Amicale Steesel Auto-Collants dobei ! Den Stock ass limiteiert, dofir macht iech direkt en Samsten geint Ettelbreck bei!


[01-05-2010]

 
Final vun der Coupe - Filles Scolaires

Leider hunn d'Fille Scolaires géint Contern verluer.

Et waren eng 200 Supporter an der Coque déi d'Meedercher ënnerstëtzt hunn.

Punkten hunn geschoss: Lisa Gidt 12, Catherine Elvinger 6, Anne Steffen 6, Katy Badja 2, Nathalie Petersen 4, Julie Weyrich, Jana Degrott, Melissa Pereira.

D'Michèle Filbig war leider verletzt, hat konnt net matspillen.

Fir d'Fotoen ze gesinn dreckt op d'Equipenfoto.


[28-04-2010]

 
D'Härren gewannen zu Contern 63-71

En Sonnden hun eis Härren am 3t läschten Mätch vum Titelplayoff sech mat 63-71 geint den AB Contern durchgesaat. Bis an den 4ten Veierel huet et gedauert bis dei Steeseler hiert d'Spill endlech konnten durchsetzen an gewannen sou och verdingt hieren 3 Mätch hannert eneen. Domat ass dei 3ten Platz emol secher well d'Sparta mat 2,5 Punkten Reckstand dei net mei erreschen kann. Demno gesait et ganz esou aus wei wann d'Amicale an der Halleffinale geint den T71 geif untrieden, ob mat oder ouni Heemrecht daat bleiwt nach ze klären.

Dei nächst Mätcher:

Samsten, 1 Mai um 20:30 zu Steesel geint d'Etzella Ettelbreck

Samsten, 8 Mai um 20:30 zu Dideleng (T71)


[25-04-2010]


Sidebar

Footer

Home