
Amicale Steesel News
Find all purple-yellow news on our facebook page
Net manner wei 8 Spiller vun der AMICALE STEESEL sin dest joër an d'All Star Team North gewielt gin.
Awer och ons zwee Coachen, den Ken an den Phillippe sin an den Trainerstaff sélectioneiert gin.
Den genauen Program fannt dier op www.flbb.lu
Hei dei verschiden Equipen
Team North - Men:
Jairo Delgado (Etzella), Nelson Delgado (Etzella), Dean Gindt (Sparta), Julien Hublart (Sparta), Eric Jeitz (Amicale), Pitt Koster (Résidence), Alex Laurent (Amicale), Samy Picard (Amicale), Christian Schartz (Amicale), Larrie Smith (Sparta), Lee Fisher (Amicale), Billy McDaniel (Black Star), Anthony Simpson (Etzella), Marcus Kennedy (Résidence), Kasey Ulin (Sparta), Dustin Scott (Résidence)
Coach: Gilles Becker (Etzella), Assistentcoach: Ken Diederich (Amicale)
Team South - Men:
Dominique Bensehir (Zolver), David Berthlé (Zolver), Ben Hemmen (Zolver), Chistopher Jones (Contern), Jean Kox (Musel Pikes), Martin Rajniak (Basket Esch), Tom Schumacher (T71 Düdelingen), Laurent Schwartz (Musel Pikes), Christian Weisen (Zolver), Alex Rodenbourg (Basket Esch), Elton Frazier (Contern), Jibril Hodges (Basket Esch), Brandon Gary (Musel Pikes), Mychal Green (Zolver), Denell Stephens (T71 Düdelingen)
Trainer: James Marsh (Zolver),Assistantcoach : Brian Carroll (Contern)
Team North - Women:
Jill Bausch (Amicale), Katie Donovan (Etzella), Lena Hetto (Etzella), Nadia Marcus (Amicale), Annick Neiertz (Etzella), Jennifer und Maïté Rassel (Racing), Jo Schreiner (Etzella), Carole Sitz (Etzella), Esmeralda Skrijelj (Sparta), Meghan Gardler (Amicale), Jessilyn Conicelli (Etzella), Kayla Tetschlag (Racing), Bracey Ulin (Sparta)
Coach: Pit Rodenbourg (Racing), Assistantcoach, Philippe Zune (Amicale)
Team South - Women:
Kim Bruck (T71 Düdelingen), Carine Cigrang (Musel Pikes/entschuldigt), Laure Diederich (Musel Pikes), Lisy Hetting (Basket Esch), Lynn Kauffmann (Contern), Magali Meynadier (Musel Pikes), Michèle Orban (T71 Düdelingen), Cathy Schmit (Musel Pikes), Anouk Wagener, Rachel Wagener (beide T71 Düdelingen), Claire Margue (Contern), Bridget Yoerger (Contern), Cerie Mosgrove (Basket Esch), Christine Fisher (Musel Pikes/entschuldigt), Celeste Trahan-Davis (ehemals T71 Düdelingen/nicht anwesend), Larrie Williams (T71 Düdelingen), Amanda Stowe (Musel Pikes)
Coach: Jan Enjebo (T71 Düdelingen),Assistantcoach: Fabienne Fuger (Contern)
[15-01-2013]
Desen Weekend sinn 1/2 Finales an de Coupe bei der Jugend (Jongen)
Bei der Coupe des Jeunes (Cadets) ass de Mätch den 26.01 um 14.00 Auer zu Steesel (Amicale - Etzella)
Bei der Coupe de l´Avenir (Scolaires) ass de Mätch zu Walfer den 25.01 um 19.00 (Résidence - Amicale)
[10-01-2013]
D'Amicale Steesel huet d'Milica Beljanski fir den Rescht vun dëser Saison an fir d'Saison 2013/2014 verpflicht! Dëst war eng eenmolleg Chance eng vun den beschten Spillerinnen déi jee hei am Land waren kennen zeréckzekréien! Mam Mili hunn déi Steeseler Damen 2012 d'Coupe des Dames gewonnen an deen éischten Titel säit laangen Joeren gefeiert. D'Amicale Steesel präziséiert dass si sech weider un den Gentlemen Agreement hält an mat maximal 2 non-jicl Spillerinnen um Spillbou wärt untrieden! WELCOME BACK MILI!

[07-01-2013]
En leschten Samschden sinn eis Damen an Hären op der Musel Ënnergang. Damen verléieren mat 77-66 an d'Hären 87-63. Vlaischt 2 defaiten vum richtegen Zäitpunkt fir eng Rei Saachen nach eng Kéier an Fro ze stellen an nei unzerappen. Eis Damen haten een puer mol d'Chance an der 2ter Halschent dach nach zeréck an den Match ze kommen. D'Hären hunn no engem katastrofalen 2ten Véierel missten mat 19 Punkten Retard an d'Paus goen, dësen Réckstand hätt een kéinten mat een bëssen Chance erëm op ënner 10 Punkten drécken. Eng schlecht Trefferquote an eng furios opspillend Equipe vun der Musel hunn dëst awer verhënnert. Elo heescht et en Sonnden zu Zolwer alles ginn fir dësen Match ze gewannen fir den Virsprong op den 4ten an 5ten net ze verspillen an no bei der Etzella ze bleiwen.
[05-01-2013]
MISSION ACCOMPLISHED! Eis Hären gewannen 72-88 (12 : 22 / 23 : 15 / 21 : 19 / 16 : 32) zu Zolwer an zeien esou an d'Hallef-Final vun der Cup an wou den AB Contern, T71 Diddeleng an d'Residence Walfer waarden.
Eis Hären sinn relativ gudd an den Match gestart an konnten den 1ten Véierel mat 12-22 gewannen. Schonn an dësem Véierel hätt een alles kéinten kloer stellen mä 2 ratéiert Layups an 2 onnëtz Turnover hunn verhënnert dass d'Amicale sech no 10 Minutten schonn eng nach méi héich Féierung kéint erausspillen. Sou ass Zolwer am 2ten Véierel erëm wakreg ginn an konnten dësen mat 23:15 fir sech entscheeden an och den 3ten Véierel ass mat 21:19 un Zolwer gaang. Dëst virun allem duerch een gutt treffenden Michael Green (5/9 vun 3Punkten). Am leschten Véierel huet Steesel dann awer wei gewinnt richteg opgedréint an ënnert dem Impuls vum Reggie Golson (32 Punkten, 16 Rebounds) an Lee Fischer (MVP, 23 Punkten, 13 Rebounds, an keen Fehlworf!!!) hunn déi Steeseler een 16 Punkten Virsprong erausgespillt an gewannen verdéngt mat 72-88!
Rendez-vous an der Coque den 9ten an hoffentlech 10ten Mäerz. Hoffentlech dann mat méi verbaler an stemmungsvoller Ënnerstëtzung vun eisen Supporter wei dat den Fall zu Zolwer war. Nëmmen zesummen gewannen mir eppes! Gudd Stëmmung op der Tribüne = Motivatioun um Terrain! LET'S GO!
[20-12-2012]