Main Navigation

Left Navigation

Amicale Steesel News

 
Next Games

FINALS 2013 TEAM PRESENTATION

-->Link<--

 

 
Events

Find all purple-yellow news on our facebook page


 
Petitioun fir dass 3 letzebuerger Spiller (JICL Spiller) emmer mussen um Terrain stoen
 
Ex - Amicale Spiller Kamil Novak neien FIBA Generalsekretär

Den Kamil Novak, deen an der Saison 2001/02 fir Steesel den Auslännerposten bei der Amicale besaat hat, ass zum neien Generalsekretär vun der FIBA gewielt gin.
Den Kamil soot, et wier eng grouss Eier fir hien, an eng grouss Erausfuederung.
Mir wënschen dem Kamil vill Glëck op sengem neiem Posten.
D'Equipe vun 2001/2002:
click here

LINK ARTIKEL WORT.LU


[23-10-2012]

 
Den Coach Ken Diederich an seng Equipe briechen dei schwarz Serie, Damen verleieren heich.

D'Damen hunn en Samschden hiren éischten Match vun der Saison verluer mat 86-59 géint Diddeleng. Et huet am Ufank net esou ausgesinn, konnten dei Steeseler Damen sech dach mat engem 15-20 nom éischten Véierel dach een klengen Virsprong eraus spillen. Am 2ten Véierel hunn se den Match dunn aus der Hand ginn, déi Diddelenger, excellent agestallt, hunn een einfachen Kuerf nom aneren markéiert an déi Steeseler Turnover hunn sech summéiert. Sou hunn déi Diddelenger den 2ten Véierel ganz kloer mat 27-5 vir sech entscheed. No der Paus hunn déi Steeseler nach eng Kéier probéiert den Diddelenger Virsprong ze reduzéieren mä den Match war gelaf an och den 2t Halschent geet och mat 44:33 kloer un Diddeleng. Ze Bemierken ass dass d'Petra Manakova ënnert enger Grippe gelidden huet an trotzdem 27 Minutten fir d'Equipe gekämpft huet. Lo heescht fir eisen Damen Kader weider gutt schaffen an en Samschden zu Contern een besseren Match ze weisen.

Eis Hären hunn bekanntlech eng schwaarz Serie géint Diddeleng. 17 Matcher sinn am Championnat hannert en een géint Diddeleng verluer ginn. Den 20/10/2012 sollt et dann esou weit sinn, déi Steeseler Hären gewannen zu Diddeleng in extremis mat 77-80 !!!! Et war een spannenden Match vun der 1ter bis déi lescht Minutte. Keng vun béiden Equipen konnt sech ofsetzen. AM 4ten Véierel hunn déi Diddelenger sech konnten een 7 Punkten Virsprong erausspillen an et waren nach 7 Minutten ze spillen.Dei 7 Minutten sollten awer der Amicale gehéieren déi genau wei géint Walfer een excellenten Endspurt dohinnergeluecht huet an d'Rou behalen hunn! Felicitatiounen un d'Coachen Ken Diederich an Tommy Wagner an un dei ganze Equipe! Kommt en nächsten Samsten alleguer op Contern fir eis Equipe ze ennerstezen! En Samsten huet een erem gesinn wann d'Stemmung am leschten Veierel stemmt sech daat op eisen Jongen auswirkt! Groussen Merci un eis Kameidi's Schleier, Heimspiel zu Diddeleng!

 


[20-10-2012]

 
Réservatioun Cabaret am Beaujolais 16. November

Réservatioun nëmmen durch Umeldung bis den 10. November.
Hei méi Informatiounen:

 


[17-10-2012]

 
Damen gewannen geint Walfer an der Coupe 95-61

Eis Damen sinn desen Mettwoch um 20:30 zu Walfer ugetrueden an gewannen mat 95-61 geint d'Résidence Walfer (N1, 10 Punkten Virsprong). Den Coach Serge Logelin huet d'Equipe roteieren geloos an alleguer d'Spillerinnen sinn zum Asaatz komm an hun sech un der Victoire bedeelegt.


[17-10-2012]

 
Eis Härren gewannen 96-88 geint Walfer ouni den Lee Fisher an mat engem ugeschloenen Christian Schartz an Samy Picard (grippe)

Wat een Match! Schonn am 1ten Véirel hunn béid Equipen voll lassgeluecht an duerch eng gutt Trefferquote firunallem hannert den 3er Punkten Linn sinn béid Formatiounen excellent an den Match komm. Déi Steeseler hunn missten op hiren US Amerikaner Lee Fisher verzichten deen nach un den Folgen vun senger Gehirerschütterung vun en Freiden leit. Déi Steeseler hunn awer alles drugesat fir dësen Match trotzdem ze gewannen, schwéier war et natierlech déi staark US-Amerikaner Kennedy (28 Punkten) an Pellum (25 Punkten) an de Grëff ze kréien. Den Reggie Golson huet d'Equipe awer excellent an der Attack an an der Defense geleet an huet Schartz, Ney an Jeitz, Picard an Melcher ëmmer erëm gutt fräigespillt, Sou konnt Steesel mathalen an et stoung 47-46 an der Paus. No der Paus sinn déi Walfer eppes besser erauskomm an hunn sech een 7 Punkten Virsprong erausgespillt. Ëmstridden Peff vun dem onglécklechen Arbiter-Trio hunn den Walfer Virsprong bis op 11 Punkten ausgebaut. 5 Faute-techniquen!!! (2 Walfer, 3 Steesel, dovun eng fir den Christan Schartz well en d'Leit opgefuerdert huet ze klappen) waren Konsequenz. D'Steeseler Supporter waren awer elo wakreg ginn an hunn hier Equipe no fir gepeitscht. D'Hal stoung kapp an déi Steeseler sinn excellent aus hirer Zone Defense een Fast-break nom aneren gelaf. Firunallem den Eric Jeitz huet am leschten Véierel ganzer 12 Punkten (6/6) erzielt, den Christian Schartz 6 Assisten servéiert an den Reggie Golsen 5/5 wichteg Freiwerf verwandelt an Victoire war fir d'Heemequipe. Wat eng Leeschtung vun eisen Hären. Elo hoffen mer dass den Lee Fisher, den Samy Picard an den Alex Laurent des Woch erëm zu hiren Form fannen an en Samschden geet et op Diddeleng! Nach eng Kéier een groussen Merci fir déi super Ambiance an der Hal! Jiddereen huet een Undeel un dëser Victoire!

 

 


[14-10-2012]


Sidebar

Footer

Home