Ouni eis Sponsoren an de Benevolat kéint d’Amicale Steesel net funktionéieren. Dofir wëlle mir hinnen als éischt emol villmools Merci soe fir hir laangjäreg finanziell oder materiell Ënnerstëtzung!

Duerch déi aktuell Situatioun vum Covid-19 ass d’Baskets Saison fréizäiteg eriwwer. Mir bieden all eis Memberen an Amicale Unhänger, un eis Sponsoren ze denken an hir Déngschter an Usproch ze huelen. Et ass wichteg an dësen Zäiten solidaresch a positiv ze bleiwen.

E spezielle Merci geet och un d’Mëllerefer Stuff der Steeseler Amicale hiert Stammlokal déi elo leider hier Dieren zou gemaach huet. Dem Nadine a Marc an der ganzer Equipe vun der Muff e grousse MERCI. All déi Joren waren si, genau ewéi all déi aner Sponsoren, e wichtege Bestanddeel vun eisem Club.

De Club seet och Merci dem Supporterclub, der Jugendkommissioun, dem Coin du Vin, den Huguetten a Jidderengem, dee sech Benevolat an den Déngscht vum Veräin gestallt huet.

Merci un Iech ALL! Mir si frou a stolz, esou staark an trei Partner op eiser Säit ze hunn. Zesumme freeë mir eis op d’Saison 2020/2021.