Eis Damme vun der Amicale Steesel haaten sech scho virum leschte Spilldag am Playoff déi éischte Plaz geséchert. Leschte Samschdeg den Owend koum nach eng weider Victoire dobäi. D’Amicale huet zu Konter mat 84:52 gewonnen.

An den Halleffinalle vum Championnat kréien eis Ladies et mat Konter ze dinn. Tip-off as den 1. Mee um 19h30 zu Steesel an der Haal Alain Marchetti. Gespillt gëtt am Modus Best-of-Three.

Kommt all op Steesel eis Ladies ufeieren! Let’s go yellow-purple nation.