No engem Weekend Paus stinn elo fir eis Hären déi wichtegst Matcher vun der Saison um Programm. Niewend 3 aneren Ekippen aus der Total League muss eis Ekipp géint 4 Ekippen aus der Nationale 2 untrieden. Et stinn 14 Spilldeeg um Programm an hei kann ee scho bal vun enger neier Saison schwätzen.


Fir dass den Ecart op d’Sparta an d’Fiels net nach méi grouss gëtt, ass eis Ekipp gefuerdert. Um Enn vun der Saison steigen zwou Ekippen op an zwou Ekippen of.


Dofir léif Amicalisten, kommt eis Ekippen ënnerstëtzen. D’Spiller zielen op iech!
3… 2… 1… Steesel!

Programm Hären:
08/02/2020 20h15 Amicale : Telstar Hesperange
12/02/2020 20h30 Larochette : Amicale

Programm Dammen:
08/02/2020 18h30 Résidence : Amicale
15/02/2020 17h00 Amicale : Etzella