Geschter stoung déi 3. Finall bei eisen Hären um Programm.

Nodeems d’Amicale, a ganz enke Matcher, déi éischt zwou Finallen fir sech entscheede konnt, war d’Etzella geschter gefuerdert de Match ze gewannen an d’Finall nees spannend ze maachen.

Schlussendlech gewënnt eis Ekipp em de Kapitän Samy Picard an engem ganz spannende Match och déi 3. Finall mat 85:82 géint Etzella Ettelbréck a gëtt fir déi 3. Kéier hannerteneen Champion a gewënnt fir déi zweet Kéier hannerteneen den Doublé mam Gewënn vun der Coupe an dem Championstitel.

Bravo un d’ganz Ekipp an hire Coachingstaff. En decke Merci un all eis Supporter, Kaméidi’s Schléier a Frënn vun der Amicale Steesel fir hir Ennerstëtzung.

ONE SPIRIT ONE TEAM ONE WIN