De Weekend geet et an déi entscheedend Phase: e Samschde ginn déi éischt Véierelsfinallen am best of 3 Modus gespillt.

Um 17 Auer scho spillen eis Dammen zu Bartreng. Beim leschten Openeentreffe konnten eis Ladies sech däitlech duerchsetzen. Sie hoffen dëst e Samschden ze widderhuelen. 

D’Hären treffen doheem op Conter. An der Saison konnte si sech a béide Matcher behaapten. Och si versichen dëst an de Véierelsfinallen nach eemol ze widderhuelen.

17h00 Sparta – Amicale (Ladies)
20h00 Amicale – Contern (Men)

Kommt an ënnerstëtzt eis Dammen an Hären an dëser wichteger Phase 💜💛