Viru genee 50 Joer, den 11. Dezember 1970, war am Café Mentgen-Feidt op Initiativ vum Roger Brendel, an der „Rue Basse“ zu Steesel d‘Grënnungsversammlung vum Supporterclub „Les Amis de l’Amicale“ Steesel.

Als Ziler vum Supporterclub sinn deemols festgehale ginn, de Steeseler Basket moralesch, materiell a finanziell z’ënnerstëtzen. Ech mengen dës Pläng sinn an de leschte 50 Joer ëmgesat ginn.

Duerch d’Organisatioun vun de verschiddensten Manifestatiounen wéi Baler, Äerdbierfester, Hobby-Mäert, Äppelfester asw. ass vill Geld fir de BBC Amicale a seng Jugend- a Seniorsequippen erakomm.
De Supporterclub huet och z.B. bei de Vergréisserungen an de Renovéierungen vun der aler Basketshal gehollef.

Duerfir wollt ech haut alle fréieren an aktuellen Comitésmemberen, esou wéi alle Fräiwëllegen e grousse Merci fir hiren Asaz soen, an hoffen dass mir och an Zukunft op äer Ënnerstëtzung fir d’Jugend an de Sport an eiser Gemeng ziele kënnen. Dëst wier sécher de Garant vu weideren sportlechen Erfolleger vum Steeseler Basket.

Leider hunn d‘Feierlechkeeten fir de 50ten Anniversaire déi fir Enn 2020 resp. Ufank 2021 virgesi waren, duerch d’Corona Kriis misse verluecht ginn. Den Organisatiounscomité ënnert der Presidentschaft vum Jean-Pierre Klein, huet dës verschiddenst Manifestatiounen elo vu Mëtt bis Enn 2021 virgesinn. Mir hoffen, dass dann dësen 50ten Anniversaire de verdingten Erfolleg kritt.

Claude Schintgen
President Supporterclub
„Les Amis de l’Amicale“ Steesel