Ladies Final Game 1

Eis Ladies haate sech an der 1. Halleffinall vum Dammebasket-Championnat däitlech mat 75:61 géint Conter duerchgesat. Leschte Freideg den Owend huet den Titelverdeedeger zu Conter och näischt ubrenne gelooss an huet sech duerch eng souverän 85:67-Victoire den Ticket fir d’Finall gesechert.

Dese Sonden as et esou wäit. Déi éischt Finall am Dammebasket as um 18h30 zu Steesel.

De Géigner vun eisem Yellow-Purple Team gett an enger drëtter an decisiver Halleffinall zweschend Musel Pikes an T71 en Donneschten den Owend ausgemach.

Alles op Steesel. Let’s go Ladies!

Ladies Semi Finals Game 2

Am Dammebasket ginn d’Halleffinalle vum Championnat am Modus Best-of-three gespillt. An der Serie leien eis Ladies mat 1:0 a Féierung.

Leschten Dënschdeg den Owend huet d’Amicale Steesel der Ekipp vu Conter keng Chance gelooss. Den Titelverdeedeger huet mat 79:54 gewonnen.

Haut den Owend gett déi zweet Halleffinall gespillt. Kënnen eis Ladies haut schonn den Ticket fir d’Finall léisen?

De Match as um 20.00 zu Conter. Let’s go Ladies!

Semi Finals bei eise Ladies

Eis Damme vun der Amicale Steesel haaten sech scho virum leschte Spilldag am Playoff déi éischte Plaz geséchert. Leschte Samschdeg den Owend koum nach eng weider Victoire dobäi. D’Amicale huet zu Konter mat 84:52 gewonnen.

An den Halleffinalle vum Championnat kréien eis Ladies et mat Konter ze dinn. Tip-off as den 1. Mee um 19h30 zu Steesel an der Haal Alain Marchetti. Gespillt gëtt am Modus Best-of-Three.

Kommt all op Steesel eis Ladies ufeieren! Let’s go yellow-purple nation.