Am Championnat konnt d’Ekipp vum Alexis Kreps sech géint Sparta am zweeten decisive Match mat 85 : 64 behaapten.
An der Coupe Finall hunn eis Cadets géint den T71 Diddeleng gespillt. Déi Diddelenger hunn de Jongen et net einfach gemaacht a si mat 3 Punkte Virsprong an d’Paus gaange. No der Paus ass eis Ekipp ëmmer besser an de Match komm a konnt sech zum Schluss 71-84 duerchsetzen.
Mam Champion an der Coupe an der Täsch schléissen si d‘Saison oof. Super Jungs vir déi mega Leeschtung!