Leif Steeseler Basketfrënn,

No enger laanger Basketssaison freeën mer ons elo op d’Finallen bei onsen Dammen an och onsen Hären. Mee och zwou vun onsen Jugendequippen hunn sech fir Finall qualifizéiert an déi ginn dëse Sonden an der Coque gespillt fir ons Mini Bouwen em 14h15 an ons Filles Scolaires em 16h00. Des Datumer stoungen fest am September 2017.

Als Éischten an der Tabell vum reguläre Championnat bei den Hären, huet d’Etzella jo de Privileeg fir den éischte Match Samschdes oder Sonndes ze spillen a si kennen och d’Auerzäit festleeën.

Leider huet d’Etzella lo dëse Match op e Sonden 17h15 festgeluecht an daat ass leider Iwwerlappung mat der Filles Scolaires Finall.

Ech hunn d’Etzella gefrot fir des éischt Final em 45 Minuten no hannen ze réckelen, mee… se hunn dëst refuséiert.

Wou ech meng Problemer hunn ass daat des Ettelbrecker Decisioun op Këschte vun onser Equipp Filles Scolaires geet déi sech berechtegterweis op hier wuelverdéngte Finall freeën!!!

Ech denken mir sollten ons Jugend an dësem spezielle Fall ënnerstëtzen.

Ons Hären mussen éischtens och ouni massiv Steeseler Kulisse kennen een oder zwee Véierel spillen an… si hu mindestens dräi Optrëtter, wougéint ons Jonk just een eenzegen Highlight hunn.

No Diskussioun an onsem Comité hu mir elo folgendes ze proposéieren fir all déi Supporter déi onser Jugend nostinn.

Mir als Steeseler sinn immens frou a stolz op ons Jugend déi an der Coque optrieden.

Mir wären deemno frou wa mir eng Solidaritéit mat hinne weisen an de Veräin organiséiert e Busservice deen e Sonden vu Steesel bei der Haal Alain Marchetti em 13h30 an Coque fiert, fir do déi zwou Finallen vun der Jugend kennen ze kucken (gratis Entrée).

Direkt no dem Filles Scolaires Match fiert de Bus op Ettelbrëck, wou mir missten géint 18.00 ukommen an daat ass normalerweis kuerz virun der Halbzeit vum Härematch. Etzella huet proposéiert d’Arbitteren en Delai vun 15min ze froen, sou dat eventuell den Härematch eréischt em 17h30 ugepaff gëtt.

De Bus bréngt ons Supporter duerno zeréck op Steesel.

Natierlech ass et jidderengem selwer iwwerlooss ze mann wat en fir sech selwer am Beschte fënnt.

Mat sportlechen Gréiss,

Frank Fischer

President Amicale Steesel