Nodeems et déi läscht Wochen net ganz ronn gelaf ass bei eisen Damen, huet den Coach Logan Draux säin Trainerposten zur Verfügung gestallt.

Mir soen him Merci fir déi Aarbecht bei den Damen an den Cadetten!

Säin Nofolger ass keen aaneren wéi den Erny Gruskovnjak, deen sech en Numm als Coach bei den Damen vun den Musel Pikes gemaach huet.

Hien konnt mat den Pikes eng etlech Meeschtertitel feieren.

Des Saison huet hien eist Farmteam gecoacht an wor Assistant Coach vum Etienne Louvrier bei eiser Seniors A.

Et ass deen richtegen Mann an dëser Situatioun.

Mir wënschen him an eisen Damen vill Erfolleg fir de Rescht vun der Saison.

Let’s go ladies!!!