De Supporterclub vum Steeseler Basket ass frou iech matzedeelen, dass dëst Joer erëm e normalt Äppelfest organiséiert gëtt.

Um Steeseler Bierg waarden 25.000 Beem mat 12 verschiddenen Äppelzorten op iech.

Hei fannt dir all Produkter ronderëm den Apel.

Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt.

Mir freeën eis op äre Besuch.