Déi lescht zwee Championnatsmatcher ware net esou gutt ausgaangen fir eis Dammen. Leschte Samschden huet sech d’Etzella knapp géint d’Amicale Steesel duerchgesat, woubäi eise Spillerinnen bal e staarke Comeback gelonge wier.

Dëse Samschden ass de Gréngewald op Besuch. An der Qualifikatiounsphase hunn déi zwou Ekippen hir Heemmatcher gewonnen. Et kann ee sech also eng spannend Partie erwaarden, wou vill um Spill steet fir eis Spillerinnen, wëlle si nach am Championnat matschwätzen.

Dofir léif Amicalisten, kommt alleguer dëse Samschden op Steesel eis Ladies ënnerstëtzen. Tip-off ass um 17.00 Auer zu Steesel an der Haal Alain Marchetti.