Eis Ladies haate sech an der 1. Halleffinall vum Dammebasket-Championnat däitlech mat 75:61 géint Conter duerchgesat. Leschte Freideg den Owend huet den Titelverdeedeger zu Conter och näischt ubrenne gelooss an huet sech duerch eng souverän 85:67-Victoire den Ticket fir d’Finall gesechert.

Dese Sonden as et esou wäit. Déi éischt Finall am Dammebasket as um 18h30 zu Steesel.

De Géigner vun eisem Yellow-Purple Team gett an enger drëtter an decisiver Halleffinall zweschend Musel Pikes an T71 en Donneschten den Owend ausgemach.

Alles op Steesel. Let’s go Ladies!