Eis Ladies spillen dëse Weekend schon e Freiden den Owend. Hei kënne si mat hirer neier Verstäerkung Linda Ndoli aus dem Kamerun rechnen. Déi 26 jonk Spillerin war fir d’lescht a Spuenien beim Veräin CB Tarragona aktiv.
D’Ekipp ëm d’Kapitänin Esmeralda Skrijelj kréie Besuch vum Basket Esch. Géint d’Ekipp aus dem Süden haaten eis Ladies lëscht Saison zum Schluß vum Championnat eng top Leeschtuung bruecht a si haaten sech esou fir d’Play Offs qualifizéiert.
Dofir: Let’s go Ladies! You can do it again!

Eis Häre spillen e Samsteg an hun d’Ekipp aus der Nordstadt op Besuch. Keen einfache Géigner, mee och si kënnen op eis Ënnerstëtzung zielen.

Kommt all op Steesel an d’Hal Alain Marchetti eis zwou Ekippen ufeieren. Zesumme si mir staark!

 

Résultater an de Programm vun eisen Equipen kënnt dir hei gesinn.