Leschte Sonndeg ass eisen Hären d’Iwwerraschung gelongen fir an der éischter Halleffinall zu Ettelbréck ze gewannen.

Et war e ganz intensive Match wou eis Spiller ëm de Bob Melcher d’Nues praktesch de ganze Match vir haten. Zum Schluss haten déi Mof/Giel d’Nerven behalen a konnte sech mat 85:90 duerchsetzen.

Dëse Samschden kënnt d’Ekipp aus der Nordstad an d’Äerdbierduerf op Besuch. 

Tip-Off ass um 20:15

Sou bleift nach genuch Zäit fir eis Dammen (17:45  Résidence-Amicale) an hirer éischter Halleffinall op Walfer ënnerstëtzen ze goen.

Let’s go Amicale Steesel!

Let’s get loud!

 

Message from Jarvis