Leschte Mëttwoch stoung den drëtte Match vun der Halleffinall tëscht Steesel an dem Basket Esch um Programm. Esch haat bis zum Schluss alles probéiert, mee eis Hären wannen schlussendlech mat 82:79.

Muer den Owend sti sech déi zwou Equippen fir d’véierte Kéier géigeniwwer. De Match gëtt um 20.30 zu Esch ugepaff. Sidd ‘live’ dobäi an ënnerstëtzt eis Spiller um Wee fir an d’Final !

Let’s make it happen! 3, 2, 1 … Steesel