Dëse Samschden gëtt de leschte Match an der reguläre Saison an der LBBL bei den Dammen an Hären gespillt.
An den zwou Ligen stinn Playoff-Teams scho fest. Mee wéi eng Ekippen sti sech an den 1/8 Finallen géigeniwwer?

Eis Ladies ginn als Nummer 6 an d’Playoffs. A Moment ass hire Géigner vun der 1/8 Finall nach net bekannt. Elo kënnt awer emol nach d’Ekipp vu Wooltz op Besuch.

Tip Off: 18.30

 

Bei den Häre kämpfen 3 Teams fir déi éischt Platz an der regulärer Saison. Eis Spiller kréie Besuch vum T71. Wien steet herno op der Platz 1?

E Samschden ass eng spannend Partie virprogramméiert.

Tip Off: 20.30

Kommt all eis Dammen an Hären ënnerstëtzen!

Let’s go Yellow-Purple family!

 

Duerno gëtt et dann nach ee gudde Patt op eiser Regular Season Closing Party.